Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 05

D’Bibel – eng Noriicht vu Gott

D’Bibel – eng Noriicht vu Gott

Jehova huet eis e wonnerbare Kaddo ginn – d’Bibel, e Buch zesummegesat aus 66 eenzelne Bicher. Awer wéi koum et dozou? Wien huet si geschriwwen a wéi gouf eis Gott seng Noriicht iwwermëttelt?

1. Wien ass den Auteur vun der Bibel – Gott oder Mënschen?

D’Bibel gouf vun ongeféier 40 Männer an engem Zäitraum vun 1 600 Joer geschriwwen (1513 v. e. Z. bis zirka 98 e. Z.). Dës Männer waren, wat hiren Hannergrond betrëfft, ganz ënnerschiddlech, an trotzdeem passt alles an der Bibel zesummen. Wéi ass dat méiglech? Well Gott den Auteur vun der Bibel ass. (Lies 1. Thessalonicher 2:13.) Déi, déi d’Bibel geschriwwen hunn, hunn net hir eege Gedanken opgeschriwwen. D’Bibel seet vun hinnen: „Menschen redeten auf Veranlassung Gottes, wie sie vom heiligen Geist geleitet wurden“ (2. Petrus 1:21). a Gott huet säin hellege Geescht gebraucht, fir datt dës Männer seng Gedanken opschreiwen (2. Timotheus 3:16).

2. Wie profitéiert vun der Bibel?

„Jede Nation, jeder Stamm, jede Sprache und jedes Volk“ ka vun der gudder Noriicht aus der Bibel profitéieren. (Lies Offenbarung 14:6.) Gott huet dofir gesuergt, datt et d’Bibel a méi Sprooche gëtt ewéi soss iergendeen anert Buch. Bal jiddweree kann an der Bibel liesen, ganz egal wou ee lieft oder wat fir eng Sprooch ee schwätzt.

3. Wéi huet Jehova dofir gesuergt, datt d’Bibel iwwerlieft huet?

D’Bibel gouf op Material geschriwwen, wat net laang gehalen huet, ewéi Papyrus oder Lieder. Awer Männer, déi frou mat der Bibel waren, hunn si ganz gewëssenhaft mat der Hand ëmmer an ëmmer erëm ofgeschriwwen, fir datt si erhale bleift. Persounen, déi vill Afloss haten, hu versicht d’Bibel ze vernichten, anerer hunn hiert Liewe fir si riskéiert. Näischt ka Jehova dorun hënneren, sech eis matzedeelen. D’Bibel seet: „Die Worte unseres Gottes bleiben für immer“ (Jesaja 40:8).

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi huet Gott deenen, déi d’Bibel geschriwwen hunn, seng Gedanke matgedeelt? Wéi huet Jehova dofir gesuergt, datt d’Bibel iwwerlieft huet, an datt si fir jiddwereen zougänglech ass?

4. D’Bibel seet, wien hiren Auteur ass

De VIDEO kucken, dann 2. Timotheus 3:16 liesen an dës Froe beschwätzen:

  • Wann d’Bibel vu Mënsche geschriwwe gouf, firwat gëtt si dann d’Wuert vu Gott genannt?

  • Ass et fir dech plausibel, datt Gott seng Gedanken de Mënsche matgedeelt huet?

E Sekretär schreift e Bréif, awer d’Gedanken am Bréif komme vum Chef. Änlech ass et mat der Bibel. Mënschen hunn si geschriwwen, awer hir Noriicht kënnt vu Gott

5. D’Bibel huet all Ugrëff iwwerlieft

Wann d’Bibel vu Gott ass, kann een dovun ausgoen, datt hien alles mécht, fir datt näischt un si kënnt. Mënschen, déi vill Muecht an Afloss haten, hunn ëmmer nees versicht d’Bibel ze zerstéieren. Déi Geeschtlech wollten net, datt d’Leit gewuer ginn, wat an der Bibel steet. Obwuel vill Persoune mam Doud menacéiert goufen, hunn si trotzdeem hiert Liewe fir d’Bibel riskéiert. Eng vun dëse Persoune léiere mir elo kennen. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Denk doriwwer no, wat alles gemaach gouf, fir datt s du haut d’Bibel liese kanns. Motivéiert dech dat net, si ze liesen?

Psalm 119:97 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat hu vill Leit hiert Liewe fir d’Bibel riskéiert?

6. E Buch fir jiddwereen

D’Bibel ass bis haut dat Buch, wat am meeschten iwwersat a verbreet gouf. Apostelgeschichte 10:34, 35 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat wëll Gott, datt et d’Bibel an esou vill Sprooche gëtt?

  • Wat gefält dir un der Bibel?

Bal

100 %

vun der Populatioun op der Welt

hunn d’Bibel an enger Sprooch, déi si verstinn

Déi ganz Bibel oder en Deel

an iwwer

3 000

Sproochen disponibel

5 000 000 000

Esou vill Exemplaire goufen ongeféier produzéiert,

vill méi ewéi iergendeen anert Buch

WANN EE SEET: „Et sinn dach nëmme Mënschen, déi d’Bibel geschriwwen hunn.“

  • Wat sees du dozou?

  • Wat beweist, datt d’Bibel Gott säi Wuert ass?

FAZIT

D’Bibel ass Gott säi Wuert an hien huet dofir gesuergt, datt si fir jiddwereen zougänglech ass.

Réckbléck

  • Wat ass domat gemengt, datt d’Bibel „von Gott eingegeben“ ass?

  • Wat beandrockt dech dorun, wéi d’Bibel iwwerlieft huet, wéi si iwwersat a verbreet gouf?

  • Wéi beréiert et dech, datt Gott esou vill ënnerholl huet, fir sech eis matzedeelen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

D’Geschicht vun der Bibel – vun den originalen Handschrëfte bis zu de modernen Iwwersetzungen.

„Wéi eis d’Bibel iwwerliwwert gouf“ (Erwachet!, November 2007)

Wat fir Attacke war d’Bibel ausgesat a wéi huet si se iwwerlieft?

„D’Bibel – wéi si iwwerlieft huet“ (Der Wachtturm, Nr. 4, 2016)

Wat eenzel Persoune riskéiert hunn, fir d’Bibel ze iwwersetzen.

D’Bibel an d’Mënschen, déi si gären haten (14:26)

D’Bibel gouf ëmmer erëm ofgeschriwwen an iwwersat. Firwat kann ee sécher sinn, datt hiren Inhalt net geännert gouf?

„Ass d’Bibel manipuléiert oder geännert ginn?“ (Online-Artikel)

a Den hellege Geescht ass Gott seng aktiv Kraaft. Dorop geet d’Lektioun 07 an.