Wéi huet Jesus ausgesinn?
D’Äntwert aus der Bibel
Kee weess, wéi Jesus genee ausgesinn huet, well d’Bibel keng prezis Beschreiwung dozou gëtt. Dat weist, datt Jesus säin Ausgesinn net wichteg ass. Allerdéngs gëtt d’Bibel eis eng allgemeng Iddi doriwwer, wéi Jesus ausgesinn huet.
Gesiichtszich: Jesus war semittescher Ofstamung an hat héchstwarscheinlech Gesiichtszich vu senger jiddescher Mamm geierft (Hebräer 7:14). Säin Ausgesi war warscheinlech net besonnesch opfälleg. Dofir konnt hien zum Beispill onerkannt vu Galilea op Jerusalem reesen (Johannes 7:10, 11). Och am Verglach mat sengen enkste Jünger war säin Ausgesinn net aussergewéinlech. Aus dësem Grond huet de Judas Jesus missen identifizéieren, fir datt d’Zaldoten hie konnte festhuelen (Matthäus 26:47-49).
D’Längt vun den Hoer: Der Bibel no ass „langes Haar für einen Mann eine Schande“ (1. Korinther 11:14). Dofir kann een dovunner ausgoen, datt Jesus keng laang Hoer hat.
Baart: Jesus hat e Baart. Hien huet sech domat nom jiddesche Gesetz geriicht, wou et heescht: „ihr sollt ... die Enden eures Bartes nicht verunstalten“ (3. Mose 19:27; Galater 4:4). Ausserdeem erwäänt de Prophéit Jesaja an enger Prophezeiung, déi iwwer d’Mësshandlung vu Jesus viru sengem Dout schwätzt, datt hien e Baart géif droen (Jesaja 50:6).
Statur: Alles weist dorop hin, datt Jesus e kräftege Mann war. Wärend sengem Déngscht huet hie grouss Distanzen zu Fouss zeréckgeluecht (Matthäus 9:35). Ausserdeem huet hien zwee Mol d’Händler aus dem Tempel zu Jerusalem verjot. Dobäi huet hien hier Dëscher ëmgehäit an eng Kéier souguer d’Véi mat enger Gäissel erausgedriwwen (Lukas 19:45, 46; Johannes 2:14, 15). An enger Enzyklopedie heescht et iwwer Jesus: „Der gesamte Evangelienbericht lässt auf beste körperliche Gesundheit schließen“ (McClintock & Strong, Cyclopedia, Bd. IV, Säit 884).
Gesiichtsausdrock: Jesus war en häerzleche Mënsch, dee grousst Matgefill hat, an dat huet ee bestëmmt u sengem Gesiichtsausdrock gesinn (Matthäus 11:28, 29). Déi ënnerschiddlechst Mënschen hu bei him Hëllef an Trouscht gesicht (Lukas 5:12, 13; 7:37, 38). Souguer Kanner hu sech bei him wuel gefillt (Matthäus 19:13-15; Markus 9:35-37).
Falsch Usiichten iwwer Jesus säin Ausgesinn:
Usiicht: Verschiddener behaapten, datt Jesus vun afrikanescher Ofstamung war, well d’Bibelbuch Offenbarung seet: „D’Hoer op sengem Kapp waren ... ewéi Woll“ an „seng Féiss waren ewéi poléiert Bronze“ (Offenbarung 1:14, 15, BFL).
Fakt: D’Bibelbuch Offenbarung ass an Zeechen, also a symbolescher Sprooch, geschriwwen (Offenbarung 1:1). D’Beschreiwung vu Jesus sengen Hoer a Féiss ass deemno symbolesch ze verstoen a bezitt sech op d’Eegenschaften, déi hien no senger Opersteeung hätt. Et geet net ëm säin Ausgesinn, wou hien op der Äerd gelieft huet. Wann do steet „D’Hoer op sengem Kapp ware wäiss ewéi Woll, wäiss ewéi de Schnéi“, bezitt sech dat op d’Faarf vun Jesus sengen Hoer, net op hier Beschafenheet (Offenbarung 1:14, BFL). Déi wäiss Faarf symboliséiert Jesus seng Weisheet opgrond vu senger Liewenserfarung (Offenbarung 3:14). Grad esou wéi dësen Text Jesus seng Hoer net mat der Beschafenheet vum Schnéi vergläicht, vergläicht hien se och net mat der Beschafenheet vun der Woll.
Jesus seng Féiss hunn ausgesinn „wie reines Kupfer, wenn es im Ofen glüht“ (Offenbarung 1:15). Vu sengem Gesiicht heescht et, et wier „wie die Sonne, wenn sie in ihrer Kraft leuchtet“ (Offenbarung 1:16). Kee Mënsch huet eng Hautfaarf, op déi déi dote Beschreiwung zoutrëfft. Dofir muss et sech hei ëm eng symbolesch Beschreiwung vum operwächte Jesus handelen, „der in einem unzugänglichen Licht wohnt“ (1. Timotheus 6:16).
Usiicht: Jesus war schwächlech a kleesper.
Fakt: Jesus war e couragéierte Mann. Wou d’Zaldote koumen, fir hie festzehuelen, huet hien sech direkt ze erkenne ginn (Johannes 18:4-8). Hien huet misste kierperlech staark genuch sinn, fir als Schräiner ze schaffen (Markus 6:3).
Mee firwat huet Jesus Hëllef gebraucht, fir säi Poul ze droen? A firwat ass hie virun deene gestuerwen, déi mat him higeriicht goufen? (Lukas 23:26; Johannes 19:31-33). Kuerz viru senger Exekutioun war hie kierperlech immens geschwächt. Hien hat déi Nuecht virdrun keen A zougemaach, och well hien ënnerlech opgewullt war (Lukas 22:42-44). D’Judden haten hien déi ganz Nuecht mësshandelt, an de Moien drop ass hie vun de Réimer gefoltert ginn (Matthäus 26:67, 68; Johannes 19:1-3). Dës Facteuren hu säin Doud warscheinlech beschleunegt.
Usiicht: Jesus war e melancholesche Mënsch.
Fakt: Jesus ass e perfekt Spigelbild vu sengem Papp Jehova, deen an der Bibel als „der glückliche Gott“ beschriwwe gëtt (1. Timotheus 1:11; Johannes 14:9). Jesus huet souguer anerer geléiert, wéi ee ka glécklech sinn (Matthäus 5:3-9; Lukas 11:28). Dat weist dorop hin, datt Jesus säi Gesiichtsausdrock oft Freed a Gléck ausgestraalt huet.