Wat kënnt nach op eis duer?
-
Gëtt et besser?
-
Méi schlëmm?
-
Bleift et wéi et ass?
WAT SEET D’BIBEL DOZOU?
„Gott . . . wëscht all Tréin vun hiren Aen ewech. Et gëtt da keen Doud méi. Och Trauer a Kloen a Péng gëtt et dann nët méi. Wat fréier emol war, ass nämlech vergaang!“ (Offenbarung 21:3, 4, Bibel fir alleguer)
WAT HUNN ECH DOVUN?
Eng Aarbecht, déi Freed mécht (Jesaja 65:21-23)
Keng Krankheet a kee Leed méi (Jesaja 25:8; 33:24)
E glécklecht Liewe fir ëmmer (Psalm 37:11, 29)
KANN ECH DER BIBEL WIERKLECH TRAUEN?
Jo, aus op d’mannst zwee Grënn:
-
Gott kann eppes änneren! An der Bibel gëtt Jehova Gott als allmächteg bezeechent, well seng Muecht onbegrenzt ass (Offenbarung 15:3). Dowéinst kann näischt hien drun hënneren, fir eng besser Zukunft ze suergen. Wéi d’Bibel seet, ass bei Gott alles méiglech (Matthäus 19:26).
-
Gott wëll eppes änneren! Jehova verlaangert no deene Mënschen, déi gestuerwe sinn, a wëll se an d’Liewen zeréckbréngen (Hiob 14:14, 15).
D’Bibel seet och, datt Gott säi Jong, Jesus, Kranker geheelt huet. Firwat? Et war an ass säin Häerzenswonsch, aneren ze hëllefen (Markus 1:40, 41). Doran ass hie ganz ewéi säi Papp! (Johannes 5:19).
Sécher ass: Jehova a Jesus wëllen, datt mir glécklech sinn. An dofir wäerten si och suergen! (Psalm 72:12-14; 145:16; 2. Petrus 3:9).
FIR NOZEDENKEN
Wéi suergt Gott fir eng besser Zukunft?
D’Äntwert fënnt een an der Bibel am Matthäus 6:9, 10 an Daniel 2:44.