Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 34

Wéi s du Jehova weise kanns, datt s du hie gär hues

Wéi s du Jehova weise kanns, datt s du hie gär hues

Fills du dech Jehova méi no, säit s du d’Bibel studéiers? Wëlls du, datt deng Frëndschaft mat him nach méi enk gëtt? Wa jo, da kanns du dir sécher sinn: Wat deng Léift zu Jehova méi grouss gëtt, wat hien dech méi gär huet an sech ëm dech këmmert. Wéi kanns du Jehova weisen, datt s du hie gär hues?

1. Wéi kënne mir Jehova weisen, datt mir hie gär hunn?

Mir weise Jehova eis Léift, wa mir seng Geboter halen. (Lies 1. Johannes 5:3.) Jehova zwéngt keen, him ze follegen. Hie wëll, datt jiddweree selwer decidéiert, ob een op hie lauschtere wëll oder net. Firwat? Jehova wëll, datt een him „vun Häerze … follegt“ (Römer 6:17). Hie wëll also, datt s du op hie lauschters, net well s du muss, mee well s du hie gär hues. Den Deel 34 erklären, wat Jehova gefält a wat net. Dat hëlleft dir, dat Richtegt ze maachen a Jehova ze weisen, datt s du hie gär hues.

2. Firwat ass et heiansdo net einfach, Jehova eis Léift ze weisen?

„Viele Härten macht der Gerechte durch“ (Psalm 34:19). Mir hunn all mat eiser Onvollkommenheet ze kämpfen a musse vläicht mat Geldsuergen, Ongerechtegkeeten oder aner Problemer eens ginn. Duerch esou Problemer kann et eis schwéier falen, dat ze maachen, wat Jehova gefält. Vläicht gesäit et aus, wéi wann et méi einfach wier, wann een sech net un säi Rot hält. Awer wa mir Jehova vertrauen an dat maachen, wat hie seet, weise mir him, datt mir hien iwwer alles gär hunn an him loyal sinn. Da steet Jehova och loyal zu eis a léisst eis ni am Stach. (Lies Psalm 4:3.)

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat et Jehova esou vill bedeit, datt s du op hie lauschters a wat dir hëlleft, him trei ze bleiwen.

3. Eng Sträitfro, déi eis all eppes ugeet

Am Bibelbuch Hiob geet riets vun enger Uschëllegung vum Däiwel, net nëmme géint den Hiob, mee géint all d’Mënschen, déi Gott dénge wëllen. Hiob 1:1, 6–2:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat huet den Däiwel dem Hiob ënnerstallt? (Dozou Hiob 1:9-11.)

  • Wat ënnerstellt den Däiwel jiddwerengem – och dir? (Dozou Hiob 2:4.)

Hiob 27:5b liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi huet den Hiob bewisen, datt hie Jehova wierklech gär hat?

Den Hiob huet seng Léift zu Jehova bewisen, andeem hien him loyal bliwwen ass

Mir beweisen eis Léift zu Jehova, wa mir him loyal bleiwen

4. Maach Jehova frou

Sprüche 27:11 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi beréiert et Jehova, wann s du op hie lauschters? Firwat?

5. Du kanns Jehova loyal sinn

D’Léift zu Jehova motivéiert eis, mat aneren iwwer hien ze schwätzen. A well mir him loyal sinn, maache mir dat esouguer wann et net einfach ass. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Fält et dir heiansdo schwéier, mat aneren iwwer Jehova ze schwätzen?

  • Wat huet dem Jason gehollef, seng Angscht ze iwwerwannen?

Et ass méi liicht, Jehova loyal ze sinn, wa mir dat gär hunn, wat hie gär huet an dat haassen, wat hien haasst. Psalm 97:10 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wann s du doriwwer nodenks, wat s du bis elo geléiert hues: Wat haasst Jehova? Wat huet Jehova gär?

  • Wéi kanns du léieren, dat Gutt gär ze hunn an dat Béist ze haassen?

6. Op Jehova ze lauschteren ass gutt fir eis

Jehova ze follegen ass dat Bescht, dat mir maache kënnen. Jesaja 48:17, 18 liesen. Dozou dës Froen:

  • Denks du, datt Jehova ëmmer weess, wat am beschte fir eis ass? Firwat?

  • Wat huet et dir bis elo bruecht, datt s du Jehova an d’Bibel kenne geléiert hues?

WANN EE SEET: „Et ass Gott dach egal, wat ech maachen.“

  • Mat wat fir engem Bibeltext kanns du weisen, wéi Jehova sech fillt, deemno wéi een sech behëlt?

FAZIT

Du kanns weisen, datt s du Jehova gär hues, wann s du him follegs an him loyal bass, och wann et net einfach ass.

Réckbléck

  • Wat hues du vum Hiob geléiert?

  • Wéi kanns du Jehova weisen, datt s du hie gär hues?

  • Wat kann dir hëllefen, Jehova loyal ze bleiwen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi ee loyal zu Jehova steet an zur Versammlung.

„Mat engem Loyale bass du loyal“ (16:44)

D’Sträitfroen, déi den Däiwel opgeworf huet a wéi si jiddweree vun eis betreffen.

„Den Hiob bleift Gott trei“ (Die Bibel: Was will sie uns sagen?, Deel 6)

Wéi schonn déi ganz Kleng Jehova weise kënnen, datt si hie gär hunn.

Maach Jehova frou (8:16)

Wéi jonk Leit den Drock vun anere Jonken aushalen a Gott loyal sinn.

E Plang géint Gruppenzwang (3:59)