Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 13

Wéi Relioune Gott falsch duerstellen

Wéi Relioune Gott falsch duerstellen

Wa Gott Léift ass, wéi kann et da sinn, datt Reliounen a sengem Numm esou vill Schlechtes maachen? Einfach gesot: Dës Relioune si falsch. Si stelle Gott falsch duer. Wéi maachen si dat? Wéi denkt Gott doriwwer? A wat ënnerhëlt hien dogéint?

1. Wéi stelle Relioune Gott falsch duer duerch dat, wat si léieren?

Falsch Reliounen „hunn d’Wouerecht vu Gott géint eng Lige getosch“ (Römer 1:25BFL). Zum Beispill soen déi meescht Reliounen net, wéi Gott heescht. D’Bibel seet awer, datt ee Gott säin Numm gebrauche muss (Römer 10:13, 14). Muench Geeschtlecher behaapten, datt et Gott säi Wëllen ass, wann eppes Schlëmmes geschitt. Awer dat ass eng Ligen. Gott ass ni schold, wann eppes Schlëmmes geschitt. (Lies Jakobus 1:13.) Duerch esou Ligen hu leider vill Mënsche Gott de Réck gedréit.

2. Wéi stelle Relioune Gott falsch duer duerch dat, wat si maachen?

Falsch Relioune behandelen d’Mënschen net esou, wéi Jehova et wëll. D’Bibel seet iwwer esou Reliounen: „Ihre Sünden haben sich aufgehäuft bis zum Himmel“ (Offenbarung 18:5). Säit Joerhonnerten hu Reliounen sech an d’Politik agemëscht, Kricher ënnerstëtzt a vu ganz ville Mënschen den Doud zougelooss oder esouguer verursaacht. Muench Geeschtlecher liewen am Luxus a loossen sech dat vu gleewege Leit bezuelen. All dat weist, datt si Gott weeder kennen nach d’Recht hunn hien ze vertrieden. (Lies 1. Johannes 4:8.)

3. Wéi denkt Gott iwwer falsch Reliounen?

Wann s du dech schonn opreegs iwwer all dat, wat déi falsch Relioune gemaach hunn, wéi vill méi muss dat da Jehova beréieren? Hien huet d’Mënsche gär, awer hie gëtt rosen, wa Geeschtlecher hie falsch duerstellen an hir Unhänger schlecht behandelen. Hie versprécht, datt falsch Relioune vernicht an ni méi fonnt ginn (Offenbarung 18:21). Geschwë mécht Gott alle falsche Reliounen en Enn (Offenbarung 18:8).

AN DEN DETAIL GOEN

Wéi denkt Gott iwwer dat, wat falsch Relioune maachen? Wat fir e Schued hunn si ugeriicht? Firwat soll dat dech net dorun hënneren, Jehova besser kennen ze léieren?

4. Gott akzeptéiert net all Reliounen

Vill Mënsche gleewen, datt all Weeër zu Gott féieren. Awer stëmmt dat? Matthäus 7:13, 14 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi beschreift d’Bibel de Wee, deen zum Liewe féiert?

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Ginn et vill Reliounen, déi Gott gefalen? Wat seet d’Bibel?

5. Gott seng Léift ass a falsche Reliounen net ze fannen

D’Reliounen hu Gott net gutt vertrueden. Déi Roll, déi si an de Kricher gespillt hunn, stéisst ee besonnesch of. De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Wat hu vill Kierchen am 2. Weltkrich gemaach?

  • Wéi gesäis du dat?

Johannes 13:34, 35 a 17:16 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi muss et Jehova beréieren, wann sech Reliounen u Kricher bedeelegen?

  • Falsch Reliounen hu vill Schued ugeriicht. Falen dir Beispiller an, wou si Gott seng Léift net gewisen hunn?

D’Verhale vu falsche Relioune steet am krasse Géigesaz zu Gott senger Léift

6. Gott wëll Mënschen hëllefen, déi falsch Relioun ze verloossen

Offenbarung 18:4 liesen. a Dozou dës Fro:

  • Wéi beréiert et dech ze wëssen, datt Gott Mënschen hëllefe wëll, déi vun hirer Relioun getäuscht gi sinn?

7. De richtege Gott ëmmer besser kenne léieren

Sollt dat Bild, dat mir eis vu Gott maachen, vu falsche Relioune beaflosst ginn? E Beispill: E Jong léisst sech vu sengem Papp näischt soen. Hie geet fort vun doheem a gëtt kriminell. De Papp ass net averstane mat deem, wat säi Jong mécht. Ass et fair, dem Papp fir d’Verhale vu sengem Jong d’Schold ze ginn?

  • Ass et fair, Jehova fir dat, wat falsch Relioune maachen, d’Schold ze ginn an dowéinst him de Réck ze dréien?

WANN EE SEET: „D’Relioune si schold u vill Misär, dowéinst wëll ech vu Gott a Relioun näischt méi wëssen.“

  • Geet et dir och esou?

  • Firwat soll dat, wat falsch Relioune maachen, eis net beaflossen, wéi mir iwwer Jehova denken?

FAZIT

Falsch Reliounen hunn duerch hir falsch Léieren an duerch all dat Schlëmmt, wat si gemaach hunn, net dat richtegt Bild vu Gott vermëttelt. Gott suergt dofir, datt dës Relioune verschwannen.

Réckbléck

  • Wéi denks du doriwwer, wat falsch Relioune geléiert a gemaach hunn?

  • Wéi denkt Jehova iwwer falsch Reliounen?

  • Wat mécht Gott mat de falsche Reliounen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Firwat akzeptéiert Gott net all Reliounen?

„Féieren all Reliounen zu Gott?“ (Online-Artikel)

Firwat wëll Jehova, datt mir hien zesumme mat aneren ubieden?

„Muss een enger Relioun ugehéieren?“ (Online-Artikel)

E Paschtouer war vu senger Relioun enttäuscht. Awer dat huet hien net dovun ofgehalen, no der Wouerecht iwwer Gott ze sichen.

„Firwat e Paschtouer seng Kierch verlooss huet“ (Erwachet!, Februar 2015)

Säit Joerhonnerte verbreede Relioune Ligen iwwer Gott, esou datt Mënsche gleewen, hie wier grausam a géif sech net ëm eis këmmeren. Hei ginn dräi Lige bloussgestallt.

„Ligen, déi et schwéier maachen, Gott gär ze hunn“ (Der Wachtturm, 1. November 2013)

a Am Bibelbuch Offenbarung gëtt déi falsch Relioun als eng Fra duergestallt, déi Babylon déi Grouss genannt gëtt. Méi dozou an der zousätzlecher Erklärung 1.